Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kannertheater "de Willi Wackelzant"

28.01.2024

No dem grousse Succès vun de viregten Opféierungen presentéiert de Kannertheatergrupp Dausendbéngchen säin neit Stéck "De Willi Wackelzant".
D'Opféierung ass Sonndes, den 28. Januar 2024 am Artikuss zu Zolwer.
Bestellt är nummeréiert Sëtzplazen am Virverkaf mat dem Link hei ënnendrënner (je no Browser muss een eventuell op "+"-Zeechen klicken fir de Virverkafs-Link ze gesinn)

De Vampir Willi Wackelzant muss viru sengem 10ten Gebuertsdag e puer Drëpse Blutt lecken, soss falen him seng Eckzänn aus. Dat alles well hiren Urururgrousspapp Wilbur viru 500 Joer Streit mat der béiser Fee Karafunkula hat, si huet ee Fluch iwwert d Famill geluecht.
Déi zwee Mënschekanner Nina a Lucy treffen de Willi. Wat huet et mam Zacharias Zant op sech? Wien ass de Batti Flantermaus a wat maachen déi mexikanesch Vampirflantermais Ramon a Richie?
Eis Frënn wäerte vill erliewen. Geléngt et hinne virum Willi sengem 10ten Gebuertsdag de Fluch vun der Karafunkula ze briechen?


Virverkaf Kannertheater wgl. hei klicken