Aschreiwung am Service d'Éducation et d'Accueil vun der Gemeng Suessem
Aschreiwung am SEA fir scolariséiert Kanner* 2024/2025
Hei ënnendrënner fann der di nei Aschreiwungsfichen an di néideg Dokumenter fir d'Schouljoer 2024/2025* fir all Neiaschreiwung am Service d'Éducation et d'Accueil fir scolariséiert Kanner.
Heifir, invitéiere mer Iech op ee vun eisen 3 Aschreiwungsdeeg op folgenden Datummer an Auerzäiten:
Samschden, de 27. Abrëll 2024 vu 9.00 bis 12.00 Auer
Mëttwoch, den 22 Mee 2024 vun 16.00 bis 19.00 Auer
Samschden, le 15. Juni 2024 vu 9.00 bis 12.00 Auer
D'Aschreiwungsdeeg fannen statt an der Administrioun vum SEA:
Kannercampus Belval Gebai C (Schell n°80) Zougangsplang Kannercampus Belval
1, Passage Pablo Picasso
L-4457 Belvaux
Tel: 59 30 75 -2000
Néideg Dokumenter fir d'Aschreiwung :
- D'Aschreiwungsfiche (recto-verso) korrekt ausgefëllt an ënnerschriwwen Fiche d'Inscription SEA 2024-2025 oder Fiche d'Inscription SEA Kannercampus Belval 2024-2025 (nëmme fir Schoulkanner vum Kannercampus Belval),
- d'Aarbechtszertifikat(er), korrekt ausgefëllt an ënnerschriwwe vum Employeur, Certificat d'Emploi
- eng Autorisation fir de Gebrauch vu pharmazeutesch Produiten am SEA, Autorisation d'utilisation de produits pharmaceutiques au SEA
- eng Kopie vun der Impfkaart ass recommandéiert (am Prinzip gi keng Kopien op der Plaz gemaach fir laang Waardezäiten ze vermeiden),
- am Fall vun Allergien, Liewensmëttelintoleranzen oder aner Krankheeten (Epilepsie, Asthma…), e medezineschen Zertifikat, ënnerschriwwe vun engem zoustännegen Dokter an eng Kopie vum PAI (Projet d’Accueil Individualisé).
Remarken
- D'Aschreiwungsfiche kënnen ausgefëllt gi mat der Hand mëttels engem schwaarze Stëft an enger gutt lieserlecher Schrëft, oder op engem Computer mat engem PDF-Visualisatiouns-Programm (z.B. Adobe Acrobat Reader DC).
- Nëmme komplett Dossiere ginn akzeptéiert.
- All d'Ufroen déi eis no deem leschten Aschreiwungsdag erreechen, kënnen eréischt consideréiert ginn ab dem 7. Oktober 2024.
- Fir Service d’Éducation et d’Accueil vun der Gemeng Suessem ugeholl ze ginn, muss d'Kand am Besëtz si vun engem gëltegem Chèque-service virun der Rentrée an den SEA.
- De Chèque-service huet nëmmen eng Gëltegkeet vun engem Joer. Begitt Iech dowéinst mat Zäiten (de Mount wou de Chèque-Service ofleeft) op d'Gemeng fir de Chèque-Service ze erneieren. Weider Detailer ginn et um Internetsite vun eiser Gemeng: www.suessem.lu/lb/service/cheque-service-daccueil
- Am Fall wou der äert Kannd nëmmen an de Service "Accueil de Midi" wëllt aschreiwen, notzt wgl. di selwecht Fichen mat Ausnam vun de Aarbechtszertifikat(er), déi der dann net braucht ofzeginn.
Fir weider Froen kënn Dir gären eis kontaktéieren um 59 30 75 -2000
d'Ekipp vum SEA
*Fir netscolariséiert Kanner, mellt Iech weg. direkt un eis Crèchestrukturen
SEAJ Zolwer Kannerbuerg" (Tel.: 59 30 75 -2810)
SEAJ Kannercampus Belval" (Tel.: 59 30 75 -2151)
SEAJ Roude Wee (Tel: 59 30 75 -2370)
*Fir Kanner aus der Education Précoce: Déi Elteren déi um Sondage participéiert hunn, kréiem deemnächst weider Informatiounen.
Fiche d'Inscription SEA 2024-2025
Fiche d'Inscription SEA Kannercampus Belval 2024-2025
Certificat d'Emploi
Autorisation d'utilisation de produits pharmaceutiques au SEA
(ancienne Fiche d'Inscription pour SEA 2023-2024)
(ancienne Fiche d'Inscription pour SEA 2023-2024 au Kannercampus
Plan d'Accès Kannercampus Belval
fiche du mois pour inscription selon plan
fiche du mois pour inscription selon plan Kannercampus Belval
fiche du mois pour inscription selon plan enfants non-scolarisé
Annulation de l'inscription