Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All d'Neiegkeeten



  • 2024-04-11 | Aktuell

    Aschreiwungen am SEA fir Neiaschreiwungen 2024-2025 fir schoulpflichteg Kanner

    D'Aschreiwungsfichen fir nei schoulpflichteg Kanner fir di nächste Rentrée goufe publizéiert an och d'Datume vun den Aschreiwungsdeeg goufen fest geluecht:
    • Samschden 27 Abrëll 2024 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    • Mëttwoch 22 Mee 2024 vu 16.00 à 19.00 Auer
    • Samschden 15 Juni 2024 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    Dir fannt d'Aschreiwungsfichen mat den néidegen Annexen sou wéi sämtlechen Informatiounen ënnert der Rubrik "ASCHREIWUNGEN" op dësem Internetsitt.
    +
  • 2024-04-09 | Aktuell

    Aschreiwung 2024-2025 am SEA

    Di nei Aschreiwungsfichen am SEA 2024-2025 fir scolariséiert Kanner aus de Cyclen 1.1 - 4.2 sinn lo publizéiert ginn. Fir Detailler consultéiert wgl. d'Rubrik "Aschreiwungen" op dësem Internetsite.
    +
  • 2024-01-04 | Aktuell

    Zertifikat fir d'Steiererklärung 2023

    Bis Enn Februar schécke mir den Certifikat de Paiement fir d’Steiererklärung vun 2023 un d’Elteren déi all d’Rechnunge vun 2023 bezuelt hunn.
    +
  • 2023-12-22 | Aktuell

    Congé Collectif 2023

    Heimadden wëlle mer drun erënneren, dass eise Service vum 23. Dezember 2023 bis den 1. Januar 2024 am Congé Collectif ass. Demno sinn all Strukturen vum SEA di nächst Woch zou.

    Dat gesot, wënsche mer Iech schéi Feirdeeg an alles Gutts fir dat neit Joer.


    D’Ekipp aus dem SEA Gemeng Suessem
    +
  • 2024-01-28 | Opféierung

    Kannertheater "de Willi Wackelzant"

    No dem grousse Succès vun de viregten Opféierungen presentéiert de Kannertheatergrupp Dausendbéngchen säin neit Stéck "De Willi Wackelzant".
    D'Opféierung ass Sonndes, den 28. Januar 2024 am Artikuss zu Zolwer.
    Bestellt är nummeréiert Sëtzplazen am Virverkaf mat dem Link hei ënnendrënner (je no Browser muss een eventuell op "+"-Zeechen klicken fir de Virverkafs-Link ze gesinn)
    +
  • 2023-12-08 | Fest

    Wanterfest vum SEA

    D'Kanner an d'Personal vum Service d'Education et d'Accueil vun der Gemeng Suessem lueden häerzlechst op hiert Wanterfest an e Freiden 8. Dezember 2023 am Festikuss um Scheierhaff zu Zolwer. Kommt a bewonnert de grousse Chrëschtbazar mat villen Artikelen déi eis Kanner an deene leschten Deeg fabrizéiert hunn. Donieft gëtt et awer och eng sëllege Saachen ze kucken, ze schmaachen an ze kafen, ob dobausse beim Grill a Lagerfeier oder dobanne bei engem vun deene ville Stänn.
    +
  • 2023-09-07 | Aktuell

    Inscription Accueil de Midi sans repas

    Pour inscrire votre enfant à l'Accueil de Midi, merci de compléter la fiche d'inscription 2023/2024 au SEA.
    Vous trouverez à la page 3 les plages horaires pour pouvoir sélectionner l'Accueil de Midi.
    La fiche peut nous être remise soit:
    *par mail (en format PDF) à l'adresse
    contact@maison-relais-sanem.lu
    *en mains propre
    *en l'envoyant par courrier à l'administration du SEA

    Nous vous rappelons que l'accueil du midi n'inclut pas le repas et que cet accueil concerne seulement les enfants fréquentant l'enseignement précoce ou préscolaire (Cycle 1).
    Pour que votre enfant puisse être inscrit à l'accueil du midi, il est impératif d'avoir un contrat chèque service en cours de validité.
    +
  • 2023-07-07 | Aktuell

    Familljefest 2023

    e Freiden, 7. Juli 2023 organiséiert eisen SEA (Service d’Education et d’Accueil, fréier Maison Relais) säin traditionellt Familljefest hannert dem Festikuss um Scheierhaff zu Zolwer, zu deem mer Iech häerzlechst alueden.

    Wéi Dir op eisem Flyer (dréckt op "+" an op de Link "Flyer.pdf" drënner) kënnt gesinn, hu mer och nees Joer fir vill Attraktiounen an Animatioun gesuergt. En Héichpunkt ass sécherlech eng Talentshow déi ab 17h30 lass geet. Dat Ganzt ass bei fräiem Entrée tëschent 16h00 an 20h30. Där sidd also häerzlechst invitéiert e Freiden bei eis ze kommen. Selbstverständlech ass fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt.

    Mär freeën eis op äre Besuch
    +
  • 2023-04-06 | Aktuell

    Aschreiwung 2023-2024 am SEA

    Di nei Aschreiwungsfichen am SEA 2023-2023 fir scolariséiert Kanner aus de Cylen 1.1 - 4.2 sinn lo publizéiert ginn. Fir Detailler consultéiert wgl. d'Rubrik "Aschreiwungen" op dësem Internetsite.
    +
Nächst Lescht